Actualités

Beerpong Tournoi

En neit Semester steet un an domat fenken d’AELK Aktiviteiten och erem un.

Fir gudd an d'Semester erankommen fenken mir direkt mat dem Beerpong Tournoi un.


Student fir 1 Dag 2023

Den 14ten Abrëll waren am ganzen 9 Schüler an eiser wonnerschéiner Fächerstaat op Besuch. 

Héi kruten sie en klengen Abléck an d’Studenteliewen zu Karlsruhe. Um 9:30 huet den Daach mat enger Virstellung vun der ACEL an der AELK gestart. Nieft den Visitten vun eisen Instituter (aerodynameschen Wandkanal, Hydromechanik Institut), hunn mir zesummen vir Mëtteg an der Mensa giess. Eisen Campus hunn mir natierlech och eisen Schüler*innen virgestallt. Deen een oder aneren Patt gouf et dun spéiderhin vun eis beim AKK um Campus. Doropshin sinn mir eis Staat besichtegen gaangen an hunn eisen hoffentlech zukünftegen Schüler*innen eist Schlass, den Marktplatz an eisen Stammcafé gewisen. Owes sinn mir an d’Marktlücke iessen gaangen vun do aus sech d’Schüler*innen dun och rëm op den Wee vir Heem gemaach hun.

Villmools Merci un all Schüler*innen, déi op Karlsruhe komm sinn vir eis wonnerschéin Staat ze besichtegen. Mir hoffen et huet Iech gefall an hoffentlech gesinn mir eis am Oktober vir d’Wantersemester rëm!

An zum Schluss en decken Merci un d’Acel, fir d‘Organisatioun!

Är AELK❤️


Student fir 1 Dag 2022

Du bass interesséiert zu Karlsruhe ze studéieren a wëlls dech virdru méi genee informéiere wéi d'Uni an d'Studenteliewen hei leeft? Dann ass de Student fir 1 Dag déi perfekt Geleeënheet!

Den 4. Abrëll kanns du en Dag laang d'Uni an Stad Karlsruhe kucke kommen. Dobäi kanns du dech mat de lëtzebuergesche Studenten iwwer d'Studium ënnerhalen an deng Froe stellen!

De genauen Programm an d'Umeldung fënns du hei: https://sf1d.acel.lu/lb/destinations

Facebook-Event :  https://fb.me/e/34asJdSFl

Bei Froen kanns du eis gären iwwert contact@aelk.lu kontaktéieren.

Ski - Vakanz 2022

Och dëst Joer geet d'AELK rem vum 13. - 16. Januar Ski fueren. 

Des kéier geet et op Gaschurn wou mir och schoun 2019 an 2020 waren. Den Dag iwwert gëtt vum Schnéi an den (hoffentlech gudde Wierder) profitéiert an Owes beim Après-Ski maache mir t'Hütt onsécher

.

Ersti-Treff

Gläich geet d´Wantersemester 2021/2022 un!

No engem Joer Paus kenne mir rëm wéi gewinnt an Wantersemester erafeieren. Dëst Joer gi mir dofir awer an Brauhaus Kühler Krug (Wilhelm-Baur-Straße 3a, 76135 Karlsruhe) an der Weststadt.

Wéini: Mëttwoch 20. Oktober 2021 ab 18h30

Jiddereen ass hei häerzlech Wëllkomm.

D'AELK freet sech ob dat neit Semester an vill nei Memberen!

WICHTEG: Jiddereen deen do ass, muss kennen noweisen dat hien/hat geimpft, genesen oder getest ass. Mir wäerte keng Schnelltester sur Place maachen. 


Scheckiwwerreechung un SOS Kannerduerf

Freideg, de 24. September hate mir Scheckiwwerreechung vun der VHR un SOS Kannerduerf Lëtzebuerg zu Miersch. Mir si frou dat mir insgesamt 4.500€ gesammelt hunn, hei nach eng kéier ee grousse Merci u jiddereen deen eis ënnerstëtzt huet!
A mir wëllen och dem SOS Kannerduerf Merci soen fir deen ausféierlechen Abléck, dee mir an hier Organisatioun kritt hunn an och genau erkläert kritt hunn wat mat de gesammelte Suen alles vu Projete realiséiert gëtt.

De Studentebal 2021

D'AELK war natielech och bei der 20. Editioun vum Studentebal vertrueden. Hei nach eng kéier ee grousse Merci un ALUS an un de SLUF fir dei top Zesummenarbescht un eisem Stand an och der ACEL fir déi gutt Organistioun vum Bal. 

Vëlosheemrees 2021

Den 2. Juli war et erëm sou wäit, d'Vëlosheemrees stoung um Programm.

Mat gudden +230km vun Karlsruhe ob Lëtzebuerg, ass et fir eis Profisportler een Klacks dat ganzt dann och emol mam Vëlo ze maachen. Mee et waren awer och Vëlosprofien zu Oochen, an zu Lëtzebuerg um Start fir eis Coureuren virtuell z'ennerstëtzen.

Dobäi ginn Suen fir een gudden Zweck gespent. SOS Kannerduerf engagéiert sech fir benodeelegte Kanner alles fir eng gesond Entwecklung kennen ze bidden.

Start ass um 5 Auer Moies, nodeems mir eis géint 4 schonns ob een Teller Nuddelen getraff hunn fir déi néideg Kuelenhydrater ze tanken. An d'Arrivée ass dann um 17.00 an der Staat. (Paul Wurth InCub: 5, rue de l'Industrie, L-1811 Luxembourg )

Comité 2021

Den 19. Januar huet d'AELK gewielt an de Comité fir Joer 2021 steet fest

  • President: Eric Melkert
  • Sekretär: Michel Franck
  • Tresorier: Pit Feltes
  • Sportsdelegéierten: Elvir Kamberi
  • Kulturdelegéierten: Paul Wiesen
  • ACEL/ANEIL-Delegéierten - Webmaster: Michel Max


Mir freeën eis ob d'Aktivitéiten vum Joer 2021!

Kaiserslautern 2019

Och dëst Joer war d'AELK erëm zu Kaiserslautern um Volleyball Tournoi. Mir si mat 4 Equippen ugetrueden an och en puer Supporter si matkomm. Eng sensationell Equippe vun eis huet et bis an 8tels Final gepackt. Uschléissend hu mer den Owend bei Gegrilltem an engem Béier gemittlech ausklénke gelooss.