Scheckiwwerreechung un d'ALAN asbl
22 Nov, 2019
Samschden, den 9. November huet d'AELK, de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Karlsruhe, en Don vun 6000€ un d'ALAN asbl (Maldies Rares Luxembourg) iwwerreecht.
Des Zomm gouf gesammelt am Kader vun der jährlecher Velosheemrees (VHR), wou dëst Joer 15 Coureuren ënnerwee waren. Sie sinn den 21. Juni 230 km mam Vëlo vu Karlsruhe bis op Lëtzebuerg gefuer. Dobäi si Sue gesammelt gi fir ee gudden Zweck duerch Parrainagen an Done. Weider Informatiounen iwwert d'VHR fannt der ënnert: velo.aelk.lu oder am RTL Live! Planet People vum 21.06.19 wou den Eric Melkert iwwer d'VHR schwätzt.
D'ALAN asbl setzt sech dofir an d'Liewensqualitéit vu Mënschen, déi vu seelene Krankheete betraff sinn, ze verbesseren. Méi Infoe fannt der op hirer Website: alan.lu
Dëst Joer gouf et och erëm ee klengen Artikel am Wort iwwert d'Scheckiwwerreechung: MyWort Artikel
E grousse Merci nach eemol un eis Coureuren, awer och un jiddereen deen eis mat engem Don oder Parrainage ënnerstëtzt huet! Mir freeën eis schonns op d’nächst Joer.