AAELK Goes Karlsruhe
17 Jun, 2023
Dësen Weekend war Karlsruhe on Fire a verschiddener stralen a villfacher Hisiicht nach haut. Net nëmme wéi ee Kichelchen iwwer béid Oueren…
Fréier war alles Besser !?
Gréng a ‘vendange’ tardive sinn och zu Karlsruhe hipp an de Kühler Krug huet näischt vu sengem idylleschen a bisweile chaotesche Charme verluer.
Eng Terrasse ob der Kriegsstraße ? Fréier e Garant fir daf Oueren. Haut genausou passé wéi d’Gejiips um Marktplatz.
An am Norden, Fortschrëtt oder Réckschrëtt !?
Aus dem Home-Office Bagger fueren ? Comedy mat Wëssenschaft genéissen? Fräi an engem Atommülllager ronderëm spadséiere ? Um KIT alles kee Problem. Di éischt zaghaft Kontakter mat der AELK si geknäppt ginn.
Late at night…
Esou vill Aktivitéit mécht hongreg a beim “Maggy” gouf et eng wonnerbar Kiche fir all Feinschmecker an dat elementaarst Grondbedierfnis ze befriddegen. D’AELK Membere ware vun der AAELK invitéiert fir bei där Geleeënheet erëm de Kontakt obliewen ze loossen. Dono si jonk, méi jonk a nach méi jonk ob den Tour gaangen an eppes sief gesot et ass net bei enger Tournée bliwwen...
Dofir behaapte béis Zongen :
-
et ass ni ze spéit erëm ob Karlsruhe zeréck ze fueren…
-
de leschte Bleu hätt vill Punkte sammele kënnen, mee ouni Carnetsdisziplin bleift et en aarme Bleu…
-
dass Asaz bis zum Schluss gefrot war an di Bescht den Napoleon zougespaart hätten…
A Sonndes goung et monter um Brunch weider wéi d’Foto zweiwelsfräi beweist. Dono war den offiziellen Deel leider schonns eriwwer an eng Invitatioun fir spéitstens 2025 den nächste ronnen AELK Gebuertsdag ze feieren dierft just eng Formalitéit sinn…
En Nerd Fakt zum Schluss: Schléit de Päiperlekseffekt a Form vun engem Taifun iwwer dem Pazifik zou, da gleeft kenger Meteosprognos fir Europa…
Mat beschte Gréiss wënscht den AAELK Comité an den AELK Comité.