Umeldung
Umeldung
Ersti-Iessen
| Datum: | 26 Oct, 2026 |
|---|
Salut léif Memberen, Net-Memberen a Newcomer,
D'Wantersemester steet virun der Dier (oder huet fir déi eng oder aner souguer schonn ugefaangen) an äre Lieblingscercle ass och scho prett mat verschiddenen Aktivitéiten um Programm!
Mir starten mat eisem Ersti-Treff!
Trotz dem Numm ass dëst Event awer fir jiddereen, egal ob Member, Net-Member oder Newcomer.
Deen Owend hutt dir d'Méiglechkeet, eise Cercle kennenzeléieren an iech mat anere Leit auszetauschen.
Mir treffen eis um 18:30 Auer fir zesummen z'iessen an natierlech och deen een oder aneren ze drénken.
Mir wieren dankbar, wann dir iech umellt, falls dir scho sécher wësst, datt dir kommt, sou datt mir ongeféier wëssen, mat wéi ville Leit mir rechne kënnen. Dir kënnt awer natierlech och spontan ouni Umeldung kommen.
Mir hoffen, vill vun iech do (rëm)zegesinn!
Wou?
Badisch Brauhaus an der Stephanienstraße 38-40, 76133 Karlsruhe-Innenstadt-West, Deutschland
https://maps.app.goo.gl/5U6raFVrttrxHYbd7
Wéini?
Méindes, de 26. Oktober 2026 um 18:30 Auer
Mir freeën eis op dech!
Däin (zukünftege) Lieblingscomité <3
Umeldungen
| #ID | Numm | Virnumm | Kommentar |
|---|---|---|---|
| #1 | Adamy | Vicky | :p |
| #2 | Chabod | Felix | /ᐠ - ˕ -マ |
| #3 | Biewers | Noah | >.< |
| #4 | Imiolczyk | Milan | |
| #5 | Hengen | Tom | :) |
| #6 | Rodrigues Queirós | André | 🤓 |
| #7 | Feltes | Pit | |
| #8 | Gigante | Anthony | TVT=x |
| #9 | Bauler | Sandy | |
| #10 | Lamborelle | Noe | |
| #11 | Kuptsova | Ksenia | ʕ·ᴥ·ʔ |
| #12 | Heinrich | Luc | |
| #13 | Lin | Dary | ( ͡° ͜ʖ ͡°) |