Umeldung
Umeldung
Umeldung ass zou!
AELK 70 Joer Jubiläum
| Datum: | 14 Nov, 2025 |
|---|
D’AELK gëtt 70!!
Ee staarke Moment fir e staarke Verein, an dat feiere mir während engem ganze Weekend zesumme mat Iech. Maacht mat a sidd dobäi, wann 70 Joer Geschicht, Engagement a Gemeinschaft héichgehale ginn.
Hei fannt Dir eng kuerz Iwwersiicht vum Programm. Dir kënnt Iech fir déi Deeg oder Eventer umellen, bei deenen Dir dobäi si wëllt, eng Participatioun un allen Aktivitéite vum Weekend ass net obligatoresch.
Freideg, 14. November: Owend am Vogelbräu
Gemittlecht Zesummekommen bei guddem Iessen an Drénken.
D’Käschte gi vu jidderengem selwer gedroen.
Samschdeg-Owend, 15. November: Festowend am Magarete
Véier-Gänge-Menu fir 20 Euro (Memberpräis).
Gedrénks ginn separat verrechent. Et ka gutt sinn, datt d’AELK eng Ronn ausgëtt.
Dresscode: casual chic
Mat Presentatioun vum Verein an engem Réckbléck op 70 Joer AELK.
Sonndeg Moies, 16. November: Brunch
Gemittlechen a perséinlechen Ofschloss vum Festweekend
fir all déi, déi nach dobäi si.
Umeldung bis de 4. November
Einfach hei androen:
https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdCycILrYpnmybozO6iA5KFk1mUUsrmW-mh-OPhCjDb7nRCdQ/viewform
Umeldungen
Aktuell nach keng Umeldung