Umeldung
Umeldung
Badische Meile Laf
| Datum: | 03 May, 2026 |
|---|
Salut léif Memberen,
Den 03. Mee 2026 fënnt erëm déi traditionell Badische Meile (Laf) statt.
De Start ass um 10 Auer an der Hermann-Veit-Straße an d´Ziel ass am Carl-Kaufmann Stadion. D'Streck ass genau 8,88889 Kilometer laang a verleeft queesch duerch eis wonnerschéin Stad.
Wee Loscht huet matzelafen kann sech bei eis um Site bis den 02.04.2026 umellen a mir mellen dann eng AELK-Grupp un.
Dëst Joer kennt dir iech och rëm fir de Walking oder Nordic-Walking umellen.
(Handysnummer muss der just uginn wann der d'Resultat per SMS geschéckt kréie wëllt)
(Gebuertsjoer brauch een fiert Umeldung)
D'Aschreiwungskäschte fir de Laf bei der AELK bedroen 13€. Wann dir een T-Shirt vun der Badische Meile wellt hun, kascht dat 19€ plus.
Betreff: AELK Badische Meile Numm Virnumm
Kontosnummer: LU08 0030 0861 5351 0000
DIGICASH: 621 669 026
Natierlech kennt dir och einfach komplett gratis eis Leefer (mat Béier) bei der Arrivée am Stadion empfänken.
Mat beschte Gréiß,
Äre Comité
Umeldungen
| #ID | Virnumm | Nonumm | Waat mess du? | Gebuertsjoer | Ech hätt gaër an T-Shirt | Handynummer | Kommentar |
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| #1 | Pol | Zeimet | Laf | ****** | Jo | ****** |