Umeldung
Umeldung
Vëlosheemrees 2026
| Datum: | 26 Jun, 2026 |
|---|

Salut,
De Weekend vum 26.Juni ass et souwäit, eis Vëlosheemrees geet an déi nächst Ronn. Dobäi feiert eis traditionellt Event dëst Joer schonn de 40. Gebuertsdag!
Wat ass dëst fir een Event?
Bei dëser Aktivitéit, den 26.06, weise mir eis vun eiser sportlecher Säit, a fuere mam Vëlo, 230km, vu Karlsruhe op Lëtzebuerg. Lass geet et zu Karlsruhe em 05:00 Auer moies an d’Arrivée ass em 17:00 Auer an der Stad. Dobäi gi mir de ganzen Dag vu Camionnettë begleet, sou dat een zu all Zäitpunkt eng kléng Paus an da Camionnette maachen a sech erhuele kann.
Dobäi sammele mir Sue fir de gudden Zweck, sou hunn mir an de leschte Joren zum Beispill un Luxembourg Air Rescue, ALAN, Trauerwee an d'SOS Kannerduerf gespent.
Mir soe Iech natierlech sou seier wei meigleg Bescheed ween mir fir 2026 spenden :)
Muss ech zu Karlsruhe si fir matzefueren?
Nee, am Prinzip ka jidderee matfueren deen Zäit a Loscht huet. ,dobäi ass et ganz egal wou, dat dir Iech befannt. Ob dir lo zu Lëtzebuerg oder an ärer Studentestad sidd, ass net relevant. Fir mat ze maachen, muss dir just vum 22.Juni bis de 28.Juli Mëtternuecht en Tour mam Vëlo fueren an eis dann einfach ee Screenshot/Foto vun ärem Kilometerzieler/Strava/Garmin Connect... per Mail ( contact@aelk.lu) schécken.
Wéi sammele mir Suen?
Fir Suen ze spende ginn et verschidde Méiglechkeeten:Parrainage flexibel: hei kennt dir ee Coureur mat enger gewëssener Zomme pro 10km déi de Coureur fiert, ënnerstëtzen
Parrainage fixe: hei kennt dir ee Coureur mat engem fixe Beitrag ënnerstëtzen
Don
Fir méi genau Infoe kennt dir och gären ënnert https://velo.aelk.lu/ kucke goen.
Ech well awer gäre Karlsruhe-Lëtzebuerg matfueren.
Start ass em 5:00 Auer moies zu Karlsruhe, virdrun treffe mir eis zesummen ier mir starten. (genauer Informatioune kommen no)
Déi 230km laang Streck ass a 5 Etappen opgedeelt mat enger Mëttegpaus zu Saarbrécken. D’Arrivée ass em 17:00 Auer an der Stad (wou genau kennt mi spéit no).
Gesicht ginn och all Joer Chauffeuren fir mat der Camionnette oder als Animateur matzefueren. Och hei si mir iwwert all Ënnertstetzung dankbar.
Ären Comité
Umeldungen
Aktuell nach keng Umeldung