Umeldung
Umeldung
Student fir 1 Dag
| Datum: | 31 Mar, 2026 |
|---|
Et ass rem nees souwäit! Den Student fir 1 Dag fënnt dëst Joer den 31. Mäerz statt an mir géiffen eis freeën souvill Memberen vun der AELK den Dag kennen ze begréissen.
D'Schüler kommen um 10:00 bei der Bib un, dono gëtt eng kleng Präsentatioun gehaalen. Dann gin mir mat den Schüler eng Besichtegung man. Mëttes gi mir an d Mensa iessen. Ab do ass dann och wirklech jidferen wëllkomm mat den Schüler matzekommen, fir dann nom Iessen een flotten Dag duerch Karlsruhe ze organiséieren.
Owes gi mir dann um 18:00 an de Oxford Pub.
https://maps.app.goo.gl/84N5Y4M8JNzUb9b99
De Comité wollt dowéinst jiddereen, deen zu Karlsruhe ass, alueden mat an ze kommen, eppes Guddes mat eis ze iessen, e Patt mat eis ze drénken, an sech mat de Schüler auszetauschen.
D'AELK wäert fir déi Memberen, déi eis den Dag iwwer begleet hun, och een Patt ausgi. Dofir soot eis an der Umellung Bescheed wéini dir géifft wou matkommen.
Well mir fir d'Reservatioun wëssen mussen wéi vill Leit do sinn bieden mir iech bis de 23. Mäerz iech unzemellen.
Ären Comité
Umeldungen
| #ID | Virnumm | Nonumm | Moies | Mëttes | Restaurant Iessen | Studiegang | Kommentar |
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| #1 | Noah | Biewers | on | on | on | Maschinnebau | |
| #2 | André | Rodrigues Queirós | on | on | on | Physik | |
| #3 | Vicky | Adamy | on | on | on | Pädagogik | Hun mir extra dofir Congé geholl |