Umeldung
Umeldung
Owend um Rheinbadstrand
| Datum: | 09 Jul, 2026 |
|---|
Salut alleguerten,
Den Donneschdeg, den 09.07.2026, organiséiert den AELK ab 16:00 Auer e gemittlechen Owend am Rheinstrandbad zu Karlsruhe.
Dëst ass ee vun de gréisste Fräibieder an Däitschland a bitt vill Attraktiounen, dorënner vill Rutschen, e Wellebad, e Sprangbecken mat 5-Meter-Tuerm an e Stréimungskanal.
Mellt Iech w.e.g. bis den 07.07.2026 un (dono och nach, mat Ofsproch mat engem Comitésmember). Den AELK iwwerhëlt d’Entrée.
Wichteg: Vergiesst net Äre Studentenausweis matzebréngen, fir datt mir vum Studentenpräis profitéiere kënnen.
Treffpunkt: 16:00 Auer virum Entrée bei den Trapen
Adress:
Hermann-Schneider-Allee 54
76189 Karlsruhe, Däitschland
D’Stroossebunn Linn 3 fiert direkt bis virun d’Entrée.
Mir freeën eis op e flotten Owend mat Iech! Dir braucht just gutt Stëmmung a Schwammsaachen matzebréngen. ☀️
Umeldungen
| #ID | Virnumm | Numm | Kommentar |
|---|---|---|---|
| #1 | Felix | Chabod | |
| #2 | Pit | Feltes |